Roland GarrosIga Swiatek a Cori Gauff stinn an der Finall

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Mëtteg goufe bei de French Open d'Halleffinalle vun den Damme gespillt.

D’Nummer 1 vun der Welt, d’Iga Swiatek, huet an hirer Halleffinall der Russin Daria Kasatkina absolut keng Chance gelooss. Déi 21 Joer jonk Tennisspillerin wënnt schlussendlech mat 6:2 a 6:1 a steet domat an der Finall. Hei kritt si et elo mam Cori Gauff ze dinn, déi hirersäits mat 6:3 a 6:1 géint d’Martina Trevisan aus Italien gewonnen huet. Fir déi 18 Joer jonk US-Amerikanerin ass et déi éischt Finall bei engem Grand Slam.

Back to Top
CIM LOGO