
Déi zwou DP-Deputéiert, Mandy Minella a Carloe Hartmann, wollte an enger parlamentarescher Fro vum Sportminister ënnert anerem wëssen, ob dru geduecht gëtt, d’Infrastrukture vun der Coque ze erweideren an ob et schonns ee konkret Konzept fir esou eng Erweiderung gëtt.
An enger knapper Äntwert schreift de Georges Mischo, datt d’Infrastrukture vun de Coque un hir Grenze stoussen. Hie géif dofir d’Coque mat enger Machbarkeitsstudie beoptragen, fir ze kucken, ob esou eng Extensioun vun den Infrastrukture méiglech ass.