LiichtathletikIngebrigtsen leeft Indoor-Weltrekord iwwer 1500 Meter

RTL Lëtzebuerg
De Charel Grethen ass beim Meeting zu Liévin an der nämmlechter Course de 6. ginn.
De Jakob Ingebrigtsen feiert säi Weltrekord
De Jakob Ingebrigtsen feiert säi Weltrekord
© AFP

Den Norweger Jakob Ingebrigtsen huet den Indoor-Weltrekord iwwer 1500 Meter verbessert. Den 21 Joer alen Norweger ass beim Liichtathletik-Meeting am franséische Liévin 3:30,60 Minutte gelaf. Den Olympiagewënner vun Tokio huet dobäi den Ethiopier Samuel Tefera geschloen, dee virun dräi Joer zu Birmingham an 3:31,04 Minutten déi al Rekordzäit opgestallt hat.

Mam Charel Grethen war och e Lëtzebuerger bei der Weltrekord-Course mat dobäi. De Lëtzebuerger ass mat enger Zäit vun 3:38,84 Minutten de 6. ginn. Hien ass mat dësem Chrono 54 Honnertstel iwwert sengem Lëtzebuerger Rekord bliwwen.

Iwwerdeems huet d’Victoria Rausch hiren eegenen nationale Rekord iwwer 60 Meter Hecken egaléiert. Mat 8,23 Sekonnen ass si déi nämmlecht Zäit wéi de leschte Weekend bei hirem Rekord gelaf an huet sech als 10. klasséiert.

Back to Top
CIM LOGO