
Am Dezember 2023 hunn déi 36 Profiveräiner ofgestëmmt an et koum zu enger knapper Zwee-Drëttel-Majoritéit (24 Mol “Jo”, 10 Mol “Nee” an zwou Enthalungen). Genau déi Zuel, déi an esou engem Fall néideg ass. An engem éischte Vott am Mee 2023 gouf et dës Majoritéit nach net. Dono huet d’DFL d’Konzept ugepasst an d’Veräiner op en Neits ofstëmme gelooss, bei där et eben dunn zur néideger Majoritéit koum.
CVC gehéiert zu den 10 gréisste Bedeelegungsgesellschafte weltwäit a wëll also och am däitsche Profi-Futtball e Wiertche matschwätzen. Fir CVC wier et awer net den éischten Deal, och an der Ligue 1 an an der spuenescher éischter an zweeter Liga huet den Investisseur seng Fanger mat am Spill. Och a Spuenien gouf et Kritik, ënnert anerem vun den zwee gréisste Veräiner Barcelona a Real Madrid.
Nieft dem Futtball ass CVC och am Rugby an am Tennis aktiv an hat vun 2006 bis 2012 eng Majoritéit an der Formel 1. 2016 huet den Investisseur sech dunn awer komplett aus der Kinneksklass vum Automobilsport zeréckgezunn.
An Däitschland gouf et déi lescht Wochen a Méint ëmmer nees Protester vun de Fans, déi sech géint eng Bedeelegung vun CVC staark maachen. Och eng Partie Veräiner hunn hir Bedenken ausgedréckt a wëllen, dass nei ofgestëmmt gëtt.

Aktuell géif den Deal tëscht der DFL an CVC wuel esou ausgesinn, datt CVC fir de Montant vun op d’mannst enger Milliard Euro maximal aacht Prozent vun den Tëleesrecetten iwwer déi nächst 20 Joer géif kasséieren. Datt d’DFL dem Investisseur Undeeler verkeeft, soll awer net a Fro kommen.
Nieft dem aktive Sport ass CVC och an der Wett-Zeen aktiv, ënnert anerem gehéieren dem Investisseur aus Lëtzebuerg 60% vun “Tipico”, e wichtege Sponsor vun der DFL an och Bayern München. Och aner Wett-Portaler gehéieren deels zu CVC. Doduerch an och duerch all déi aner Lienen, déi d’Bedeelegungsgesellschaft am internationale Futtball huet, fäert een och, datt et zu Interessekonflikter komme kéint.
Wie genee hannert CVC stécht oder besser gesot, vu wiem déi vill Suen hierkommen, ass schwéier ze soen. Et si souwuel Privatpersoune, wéi och Fongen, dorënner och de saudiarabesche Staatsfong PIF, deen ënnert anerem den englesche Veräin Newcastle United iwwerholl huet.