Olympesch Spiller - CyclissemItalien wënnt Gold mat Weltrekord am Cyclissem op der Bunn

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet Italien an der Ekippe-Poursuite am Cyclissem op der Bunn bei den Häre mat engem neie Weltrekord d'Goldmedail gewonnen.
© AFP

Den italienesche Quartett huet fir déi 4.000 Meter 3 Minutten, 42 Sekonnen an 32 Dausendstel gebraucht. An der Finall hu si sech géint Dänemark duerchgesat (3:42,203), wärend Bronze un d’Australier geet. Déi konnte sech an der Course ëm Plaz 3 géint Neuseeland behaapten, dat d’Course wéinst enger Chute net zu Enn fuere konnt.

D’Italiener hu mat hirer Zäit den Olympia- a Weltrekord (3:42,307) gebrach, dee si en Dënschdeg zu Tokio an der 1. Ronn vun der Competitioun selwer opgestallt haten. Batter fir d’Dänen: Dee Rekord hätte si mat hirer Zäit an der Finall och gebrach, ma d’Italiener ware bei dësen Olympesche Spiller awer net ze klappen.

Back to Top
CIM LOGO