TriathlonJeanne Lehair gewënnt zu Boston

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Jeanne Lehair bei Olympia d'Course net konnt op en Enn fueren, huet se elo zu Boston déi éischt Course an der Super-League gewonnen.
© Tommy Zaferes / @TZaferes

An dat wier eng gewëssen Erliichterung, no der Enttäuschung bei den olympesche Spiller, esou d’Jeanne Lehair op Instagram. Zu Paräis konnt d’Lëtzebuergerin wéinst technesche Problemer d’Course net fäerdeg fueren an huet missen ënner Tréinen opginn.

D’Super-League ass e Format, wou d’Athletinnen an d’Athleten insgesamt dräimol 300 Meter schwammen, 4 Kilometer Vëlo fueren an 1,6 Kilometer lafen. Nodeems d’Jeanne Lehair zu Boston d’Course gewonnen huet, sinn déi nächst Statiounen dëse Weekend zu Chicago, da London an Toulouse, ier déi lescht Competitioun den 3. November zu Neom an de Vereenegte Arabeschen Emirater ass.

Back to Top
CIM LOGO