"Mäi Wee" - Geschichten aus dem LiewenJeff Strasser: "Déi mannste kenne mech wierklech"

Tim Hensgen
An der 6. Episode vu "Mäi Wee" geet et ëm ee vun de bekanntste Lëtzebuerger Futtballspiller vun allen Zäiten.

Den 98-fachen Nationalspiller huet 194 Match fir den FC Kaiserlautern a Gladbach gespillt. D’Persoun Strasser als haarden a kompromësslose Profi ze definéieren, weist de Charakter vum Munnerëffer awer nëmmen deelweis.

De Jeff Strasser huet sech mat 2 Championstitelen an enger Coupe de Luxembourg och als Trainer en Numm gemaach. Enn 2017 war de Jeff Strasser Trainer vum 1.FC Kaiserslautern. E potentiellen Häerzinfarkt beim Match zu Darmstadt, ass duerch déi ganz Futtballwelt gaangen ass. Den akribesche Schaffert op des gesondheetlech schwéier Zäit ze reduzéieren, wier awer och e Feeler.

De Jeff Strasser ass en oppene Mënsch, e Familljepapp. Hien ass loyal senge Frënn géigeniwwer an huet sech ëmmer duerchgekämpft. De Jeff Strasser ka bäissen, mee verbäisst sech och heiansdo. Hie lieft seng Passioun, och mol ze impulsiv. De Jeff Strasser ass e Mënsch mat Ecken a Kanten.

Back to Top
CIM LOGO