
D’World Games sinn e Pendant zu den Olympesche Spiller, wou Sportaarte vertruede sinn, déi net olympesch sinn. D’Weltspiller si vum 7. bis de 17. Juli 2022 zu Birmingham an den USA.
D’Jenny Warling geet am Karate an der Gewiichtsklass ënner 55 Kilogramm un de Start. Et sinn nëmmen 8 Athleten, déi sech weltwäit qualifizéiert hunn.
Sensationnel Noriichten fir d’Lëtzebuerger Sportswelt: Gëschter krut d’Jenny Warling d’Confirmatioun säitens der WKF (World Karate Federation) dass hatt sech fir d’WORLD GAMES 2022 zu Birmingham (Alabama; USA) qualifizéiert huet. Domatt ass d’Sportlerin aus dem COSL-Elitekader als eenzege Lëtzebuerger bei der 11. Editioun (07.-17.07.22) vun dese Weltspiller dobäi. (D’World Games sinn e Pendant zu Olympia, wou Sportsdisziplinne vertruede sinn déi net olympësch sinn. Karate war dest Joer a Japan jo nëmme Gaaschtsportart well a Japan d’Wéi vun dësem asiatësche Kampfsport ass. WG si sécherlech recht onbekannt well do éischter sougenannte “Randsportarten” deelhuelen. Op de WG trieden aus >100 Länner 3600 Athleten an >30 Sportaarten géinteneen un. WG si keng Konkurrenz vis-à-vis vun Olympia; si ginn offiziell vum IOC ënnerstëtzt!)
Zum Jenny senger Qualifikatioun ass ze bemierken dass pro Gewiichtsklass (Jenny/-55kg) ausschliesslech 8 Athleten weltwäit qualifizéiert sinn. Niewt Ägypten, USA, Bulgarien, Ukraine, Brasilien, Türkei a Kanada ass d’Jenny houfreg bei dësem Event eist klengt Lëtzebuerg dierfen ze vertrieden. D’World Games 2022 sinn domatt den Héichpunkt vum Jenny senger lo scho beschter Saison (5. Plaz op der WM zu Dubai; 3. Plaz um Open de Paris; 5. Plaz um K1 Premier League Fujeirah-UAE) a sécherlech och en Trouscht well hatt den Ticket fir Olympia zu Tokio leschte Summer ganz knapp verpasst hat. Momentan gëtt d’Jenny op der offizieller Weltranglëscht op Plaz 5 gefouert.