
Beim K1-Premier-League-Turnéier an den Arabeschen Emirater zu Fujairah kënnt d’Jenny Warling no sechs Ronnen op eng exzellent fënneft Plaz an der Kategorie -55 kg.
Am Kampf ëm d’Bronzemedail verléiert d’Lëtzebuergerin géint d’Ahlam Youssef, nodeem si am viregten Tuer géint d’Russin Anna Chernysheva verluer hat. Alles an allem war et awer eng gutt Gesamtleeschtung vum Jenny Warling.
Och d’Pola Giorgetti war an der Premier League am Asaz a konnt wéinst der “Round Robin"-Reegel dräi Kämpf bestreiden, déi allerdéngs alleguer un d’Géignerinne goungen. Soumat war fir déi zweet Lëtzebuergerin zu Fujairah no der Virronn Schluss.