
Am Retourmatch vun der zweeter Qualifikatiounsronn an der Europa League spillt déi Escher Jeunesse en Donneschdeg Owend a Portugal géint Vitoria Guimãraes. De Match fänkt um 21 Auer eiser Zäit un. Am Allersmatch d'lescht Woch heiheem haten déi Escher 0:1 verluer.
Hei fannt Dir de Livestream vum Match Guimaraes géint d'JeunesseDe Progrès Nidderkuer kritt et iwwerdeems mat de Glasgow Rangers ze dinn. D'Partie gëtt um 19.30 Auer den Owend am Stade Josy Barthel ugepaff. Am Allersmatch hate sech d'Rangers mat 2:0 géint déi Nidderkuerer duerchgesat.
Hei fannt Dir de Livestream vum Match Progrès Nidderkuer géint Glasgow Rangers
Allermatcher: Jeunesse verléiert a leschter Sekonn, Nidderkuer ouni Chance géint d'Rangers