Luc Holtz"Jidderee ka géint jidderee gewannen"

Franky Hippert
Dat sot de Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer no der Auslousung vun de Gruppen an der Nations League, déi am Hierscht gespillt gëtt.

D’Rout Léiwe kréien et dann an der Divisioun C mat Bulgarien, Nordirland a Belarus ze dinn.

Futtball Nations League/Reportage Franky Hippert

D’Auslousung war zu Paräis. Mat an der franséischer Haaptstad war och den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz live mat dobäi. Bei esou engem Tirage ass een natierlech ëmmer gespaant, wat dobäi erauskënnt.

De Luc Holtz huet et gesot, mat Bulgarien, Nordirland a Belarus hunn d’Rout Léiwe Géigner an der Divisioun C Grupp 3, wou d’Chancë virun all Match bei 50-50 stinn. An deenen Divisiounen an der Nations League ass den Niveauënnerscheed tëscht de verschiddene Länner souwisou relativ kleng.

Deen éischte Spilldag vun der neier Nations League-Kampagne ass vun donneschdes de 5. bis Samschdes de 7. September. De 6. a leschte Spilldag ass da vum 17. bis den 19. November. Iert et esouwäit ass, stinn awer elo emol nach am Mäerz déi wichteg Rendez-vouse fir d’Rout Léiwen an de Play-Offs vun der Nations League um Programm, fir sech eventuell fir d’Europameeschterschaft am Summer an Däitschland ze qualifizéieren.

Back to Top
CIM LOGO