Et gouf eng Iwwerraschung am Championnat vum Sprangreide bei de Senioren. Net d’Favoritin d’Charlotte Bettendorf mam Päerd ET Lui de Hus huet den Titel gewonnen, ma de Joel Gansemans mat sengem Päerd Vincenzo Z.
Déi fënnef Lëtzebuerger Konkurrenten hate schonn 2 Kompetitioun, eng en Donneschdeg an eng e Freideg, hanneru sech bruecht. D’Resultater vun deenen zwee Deeg ass mat an déi drëtt Kompetitioun e Sonndeg agefloss.
En Donneschdeg louch d’Favoritin Charlotte Bettendorf un der Spëtzt. Den Dag drop gouf d’Championne vum leschte Joer iwwerraschend vum manner bekannte Joel Gansemans un der Spëtzt ofgeléist.
E Sonndeg de Mëtteg si si zwee ouni Feeler geridden, soudass de Joel Gansemans un der Spëtzt blouf. De Reider vum Klub Hippique du Nord ass Amateur, schafft 40 Stonnen an der Woch an trainéiert sou dacks et geet zesumme mat sengem Trainer Carlo Weicherding.
Och wann d’Participatioun bei de Seniore sech a Grenzen hält, sou ass de Bilan bei der Jugend fir déi Responsabel vun der Federatioun encourageant.
Dem Charlotte Bettendorf hiert Päerd gewënnt d’Championnat vun de 7/8 Joer ale Päerd.