Euro Meet 2025Jominet, Henx a Frippiat stoungen an enger A-Finall

RTL Lëtzebuerg
Déi 25. Editioun vum Euro Meet war alt erëm eng Kéier e groussen Erfolleg an d’Spectateure waren um Rendez-vous.
Jominet, Henx a Frippiat stounge beim Euro Meet 2025 an enger A-Finall
Déi 25. Editioun vum Euro Meet war alt erëm eng Kéier e groussen Erfolleg an d’Spectateure waren um Rendez-vous.

Mat enger Organisatioun no un der Perfektioun an enger familiärer Atmosphär geléngt et dem Organisatiounsteam ronderëm de Serge Hollerich, d‘Schwëmmer ze fideliséieren. Och d‘Piscine vun der Coque mat zousätzlech engem 50 Meter Trainingsbaseng gëtt vun de Schwëmmer appreciéiert. Wuel hunn déi ganz grouss bekannten Nimm bei der Editioun 2025 gefeelt, well vill vun hinnen no den Olympesche Spiller nach eng Paus ageluecht hunn, an dat huet sech och am Bilan vun de Meetrekorder zréckgespigelt.

Hei fannt Dir all d’Resultater vum Euro Meet 2025

Et waren a Goldmedailegewënner, Welt- an Europameeschter um Depart vum Euro Meet - Virop den Nicolo Martinenghi, Goldmedailegewënner vu Paräis oder de Weltmeeschter Vladislav Bulkov aus der Ukrain.

De Meeting entwéckelt sech och weider. 30 Kamerae goufen ënner Waasser installéiert, fir eng Video Kontroll ze realiséieren, fir eventuell Feeler ze entdecken oder ze korrigéieren. Dat ass eng Innovatioun.
Et gëtt awer nach eppes ze verbesseren, obschonn dat jorelaang bekannt ass a wouriwwer d’Réckeschwëmmer sech bekloen. Si hu Problemer, fir sech an der Coque ze orientéieren. Do ginn et Systemer am Ausland, déi punktuell kënnen installéiert ginn, dat kann den Organisateur awer net eleng stemmen.

Aus Lëtzebuerger Siicht hu leider en Deel vun eise beschte Schwëmmer gefeelt. Fabiani, Daleiden a Kemp hunn um amerikaneschen Universitéitschampionnat missten deelhuelen. 3 Lëtzebuerger hunn et awer fäerdeg bruecht, fir sech fir eng A-Finall ze qualifizéieren: Jominet, Henx a Frippiat.

De Florian Frippiat huet e Sonndeg d’B-Finall iwwer 200 Meter 4Nages gewonnen, dat selwecht war dem Joao Carneiro e Samschdeg gelongen. De Brasse-Spezialist kënnt aus den Unisexamen an ass dohier net um Toppniveau. D’Lou Jominet hat eng gutt Performance iwwer 1.500 Meter realiséiert a sech e Sonndeg fir d’A-Finall iwwer 400 Meter Crawl qualifizéiert an ass déi 10. ginn.

Mam Emma Barthel huet d’Schwammfederatioun en Diamant. Déi 14 Joer jonk Schwëmmerin vum Réidener Veräin huet iwwer 50 Meter Brasse en nationale Rekord opgestallt an huet och am 4 Nages geglänzt.

Mat enger ganzer Rei vu B- an 3 A-Finallen hunn d‘Lëtzebuerger Schwëmmer a Schwëmmerinne sech gutt aus der Affär gezunn. Deemno waarde mir mat Spannung op den Euro Meet 2026.

De Meetdirekter Serge Hollerich zitt de Bilan
Fir d'25. Kéier ass den Euro Meet organiséiert ginn.

De Replay vum leschten Dag

LINK: Um RTL Play fannt Dir de kompletten Euro Meet 2025 am Replay

3. Dag vum Euro Meet: Finallen
Kuckt déi lescht Decisioune vum Euro Meet 2025 am Replay.

Back to Top
CIM LOGO