VIDEO-Reportage: FLBB-CampJonk Basketballer konnte sech nees beweisen

Tim Hensgen
D'FLBB organiséiert traditionell am Januar e regionale Camp am Süden, am Norden an am Zentrum vum Land, fir nei Talenter ze entdecken.
Jonk Basketballer konnte sech nees beweisen
D’FLBB organiséiert traditionell am Januar e regionale Camp am Süden, am Norden an am Zentrum vum Land, fir nei Talenter ze entdecken.

Jonk Basketspiller, déi 2006, 2007 an 2008 gebuer sinn, kruten e Samschdeg zu Ueweraanwen d’Chance, fir sech de Responsabele vun der Federatioun ze beweisen.

Tessy Hetting huet iwwer ee Joerzéngt fir d’Lëtzebuerger Nationalekipp gespillt, war an Amerika um College an ass haut nach aktiv an der Total League fir de Gréngewald. Déi administrativ an technesch Directrice vun der FLBB huet eng laang Karriäre hannert sech an déi huet och op esou engem Camp richteg ugefaangen.

De Camp zu Ueweraanwen war de leschte vun deenen 3, déi d’FLBB organiséiert huet. An et kann ee vun engem grousse Succès schwätzen, well sech ganz vill Kanner ugemellt haten.

De Rekrutement vun jonken Talenter ass e ganz wichtegen Aspekt an der Aarbecht vun der Federatioun. Haut goufe Meedercher a Jonge ugekuckt, déi eventuell an d’U12- an an d’U14-Kadere kéinten integréiert ginn.

D’Motivatioun bei de Kanner war op alle Fall grouss. Si hu fläisseg bei all Statioun hiert Bescht ginn an sech probéiert vun hirer beschter Säit ze weisen. Well déi meescht haten e ganz bestëmmten Zil am Kapp an dat war, virun allem Spaass ze hunn.

An deen gouf et an deenen ronn 2 Stonnen och. Do ass net vill Zäit bliwwen fir déi jonk Däbbessen, fir sech ze erhuelen. Et war vun allem dobäi.

Jo et ass effektiv richteg Basket gespillt ginn. An deen een oder anere kann sech iwwert eng Invitatioun fir d’FLBB-Kadere freeën. Mee och fir all déi aner war den FLBB-Camp och dëst Joer erëm grousse Spaass.

Back to Top
CIM LOGO