
E Freideg huet sech beim Biathlon-Weltcup zu Otepää an Estland d’Julia Simon am Sprint iwwer 7,5 Kilometer d’Victoire geséchert. Mat engem Réckstand vun 11 Sekonnen ass d’Vanessa Voigt aus Däitschland op déi 2. Plaz komm. Fir si ass et déi éischt Podiumsplaz am Weltcup. D’Norwegerin Karoline Offigstad Knotten hat op der 3. Plaz e Retard vun 12 Sekonnen.