
D’Victoire vun de Käerjenger Damme war en Donneschdeg den Owend beim Standard zu kengem Ament a Gefor. Vun Ufank un huet den Tabelleleader de Match an d’Hand geholl an esou stoung et no 12 Minutte schonn 10:3. Bis d’Paus hunn d’Gäscht de Virsprong ëmmer weider ausgebaut, sou datt ee mat enger Avance vun 11 Goler beim Stand vun 20:9 an d’Paus gaangen ass.
No der Paus war et dat nämlech Bild a Käerjeng huet de Match weider dominéiert. No 45 Minutten stoung et 32:13 aus Siicht vun de Käerjengerinnen. Bis déi lescht Sekonn ass de Virsprong Gol ëm Gol gewuess an esou huet Käerjeng sech um Enn mat 42:14 beim Standard behaapt. Déi meeschte Goler fir d’Lokalekipp huet d’Ewa Dominiak markéiert, op der Säit vun de Gäscht war et d’Jil Weintzen.
An der Tabell huet Käerjeng 4 Spilldeeg viru Schluss e Virsprong vu 6,5 Punkten op de Chev Dikrech. Käerjeng steet deemno kuerz virum Doublé. Am Mäerz hat ee sech nämlech géint Dikrech schonn d’Coupe geséchert.