
D’Favoritte vu Käerjeng sinn an der Finall op den CHEV Dikrech getraff an déi Dikrecher si guer net gutt an de Match sou dat déi Käerjenger schonn no 10 Minutten mat 5:1 am Avantage waren. Déi Dikrecher krute sech géint déi gutt Defense vun de Käerjenger net duerchgesat a wann se mol d’Chance haten da war oft den Ofschloss net gutt genuch.
Dono waren déi Dikrecher bësse méi effektiv am Ofschloss a konnten de Réckstand stabil halen sou dat et no 20 Minutten 10:5 fir Käerjeng stoung. Vun Dikrech koum einfach ze wéineg a fir Käerjeng war et en einfacht Spill an hu mol net alles missen ofruffen.

No der Paus hunn déi Dikrecher awer gekämpft a wollten sech net einfach esou geschloe ginn. Se waren dann och besser am Match a konnten de Réckstand opmannst stabil halen a konnten 47 Minutte viru Schluss souguer 2 Goler ophuelen. Mee déi Käerjenger hunn dann nees e Gang eropgeschalt a konnten d’Féierung ganz souverän verdeedegen a gewannen mat 24:17.
LINK: Bei den Hären konnt sech Esch an der Finall duerchsetzen