
Um Enn vun der Qualifikatiounsronn an der Axa League am Handball steet Käerjeng op der 1. Plaz. Um leschte Spilldag huet ee sech nach eng weider Victoire geséchert an dat e Freideg den Owend géint d’Red Boys. Nodeems déi Käerjengerinnen an der Paus mat 21:13 géint déi Déifferdengerinnen a Féierung loungen, huet ee sech um Enn mat 37:23 duerchgesat.