Et war eng roueg éischt Hallschent, an där net all ze vill geschitt ass. Am noosten drun, e Gol ze schéissen, war den Drëttligist. Saarbrécken hat duerch de Brünker déi bescht Chance an den éischte 45 Minutten, iwwerdeems Kaiserslautern immens zeréckhalend war.
An der zweeter Hallschent huet d’Ekipp aus der 2. Bundesliga dat du geännert. Lues a lues ass Kaiserslautern méi aktiv ginn an an der 53. Minutt konnt de Marlon Ritter du mam Kapp den 1:0 fir d’Gäscht markéieren. An der Suite huet den Zweetligist sech ëmmer nees liicht zeréckgezunn an huet sech ugekuckt, wat Saarbrécken offensiv nach leeschte kann.
An der 75. Minutt huet den Almamy Touré du fir eng Virentscheedung gesuergt, well hie konnt no engem Fräistouss mam Kapp op 2:0 stellen.
Saarbrécken huet sech nawell net opginn an de Kai Brünker hat ronn 10 Minutte viru Schluss nach eng richteg gutt Chance fir ze verkierzen, ma säi Schoss aus kuerzer Distanz wollt net eran.
Bis zum Schluss ass et och dobäi bliwwen, esou datt Kaiserslautern als éischte Finalist feststeet. Et ass déi éischte Kéier zanter 21 Joer fir de Club. Fir Saarbrécken ass d’Coupe-Märchen iwwerdeems eriwwer. Wéi schonns 2020 war an der Halleffinall Schluss.