Internationale FuttballKaiserslautern wënnt géint Hertha a steet an der Halleffinal vum DFB-Pokal

RTL Lëtzebuerg
Donieft wënnt Liverpool an der englescher Premier League kloer géint Chelsea an a Spuenien klappt Barca knapp Osasuna.
© SOEREN STACHE / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

DFB-Pokal

Hertha BSC Berlin - 1. FC Kaiserslautern 1:3
0:1 Elvedi (5'), 0:2 Tachie (38'), 0:3 Kaloc (69'), 1:3 Reese (90+1')

Hertha huet esouwuel méi Ballbesëtz a méi Schëss op de Gol. Ma den FCK ass onwarscheinlech effektiv. An der 5. Minutt markéiert den Elvedi den 1:0, an der 38. Minutt kann den Tachie d’Féierung ausbauen an an der 69. suergt de Kaloc mam 3:0 fir d’Virentscheedung. Um Enn ka Kaiserslautern 3 vu senge 5 Schëss op de Gol verwandelen. De Berliner bleift an der éischter Minutt vun der Nospillzäit just nach den Éierentreffer. Domat steet ee weideren Zweetligist an der Halleffinall vun der däitscher Coupe.

Sankt. Pauli mam Danel Sinani gouf schonn en Dënschdeg eliminéiert

Deen aneren Zweetligist ënnert de leschte 4 ass Düsseldorf. D’Ekipp aus Nordrhein-Westfalen hat sech an enger spannender Partie géint den FC. Sankt Pauli duerchgesat. De Lëtzebuerger Nationalspiller Danel Sinani war an der 9. Minutt vun der Verlängerung bei Sankt Pauli agewiesselt ginn. Mat senger Flank op de Carlo Boukhalfa hat hien d’Virlag fir den 2:2 geliwwert a war domat decisiv dru bedeelegt, dass d’Ekipp aus Hamburg nach an d’Eelefmeterschéisse komm ass. Hei huet hien den drëtten Eelefmeter verwandelt. Ma well de Maurides an den Hartel hir Versich ratéiert hunn, zitt Pauli um Enn mat 3:4 dee Kierzeren an ass aus dem DFB-Pokal eleminéiert.

Premier League

Manchester City - FC Burnley 3:1
1:0 Álvarez (16'), 2:0 Álvarez (20'), 3:0 Rodri (46'), 3:1 Nawfal Al-Dakhil (90+3')

De Favorit aus Manchester huer Burnley um eegenen Terrain net vill vum Match gelooss. Den Álvarez huet seng Faarwe mat engem Duebelpak fréi a Féierung bruecht. Direkt no der Halbzeit huet de Rodri mam 3:0 fir d’Virentscheedung gesuergt. De Gäscht geléngt an der Nospillzäit duerch den Amin Nawfal Al-Dakhil nëmmen nach den Éieren-Treffer.

Tottenham - Brentford 3:2
0:1 Maupay (15'), 1:1 Udogie (48'), 2:1 Johnson (49'), 3:1 Richarlisson (56'), 3:2 Toney (67')

E spannende Match hu sech Tottenham a Brentford geliwwert. D’Gäscht konnten an der 15. Minutt a Féierung goen an dës och laang verdeedegen. Ma nom Säitewiessel huet Tottenham dunn zougeschloen. Mat zwee Goler bannent zwou Minutte hu si de Match gedréit, éier de Richarlisson an der 56. Minutt scheinbar den Deckel dropgemaach hat. Ma den Toney sollt et mam Uschlosstreffer fir Brentford an der 67. nach eng Kéier spannend maachen. Um Enn kréien d’Haushären de Score awer iwwer d’Zäit gerett.

FC Liverpool - FC Chelsea 4:1
1:0 Jota (23'), 2:0 Bradley (39'), 3:0 Szobolai (65'), 3:1 Nkunku (71'), Diaz 4:1 (79')

Liverpool léisst de Gäscht aus London net wierklech eng Chance. D’Ekipp vum Jürgen Klopp ass hire Gäscht a quasi alle statistesche Kategorien iwwerleën. De Jota, de Bradley an de Szobolai suerge mat Goler ander 23., 39., a 65. Minutt séier fir Gewëssheet. Chelsea kënnt duerch den Nkunku zwar an der 71. nach eng Kéier erun, ma den Diaz stellt an der 79. Minutt den alen Ecart nees hier. Um Enn wënnt Liverpool verdéngt mat 4:1 géint Chelsea.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

La Liga

FC Barcelona - CA Osasuna 1:0
1:0 Roque (63')

Barcelona huet sech géint Osasuna laang schwéier gedoen. Eréischt an der 63. Minutt konnt de Roque d’Haushären a Féierung bréngen. An der 67. Minutt gesäit de García op der Säit vun Osasuna, nodeems hien de Roque festhält, seng zweet Giel vum Match a muss vum Terrain. Domat ass de Match quasi decidéiert an um Stand vum 1:0 sollt sech da bis zum Schluss och näischt méi änneren.

Atelético Madrid - Rayo Vallenco 2:1
1:0 Mandava (35'), 1:1 Garcia (42'), 2:1 Depay (90')

E Match mat insgesamt wéineg Schëss op de Gol hu sech Atlético Madrid a Rayo Vallecano geliwwert. D’Haushäre ginn an der 35. Minutt a Féierung, ma de Gäscht geléngt 7 Minutten drop den Ausgläich. Um Enn ass et de Memphis Depay, deen an der 90. Minutt mam 2:1 fir d’Decisioun zu Gonschte vun Atlético suergt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO