JPEEKamil Rychlicki dréit de Lëtzebuerger Fändel

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend um 21 Auer ass zu Budva a Montenegro d'Erëffnungszeremonie vun den 18. Spiller vun de klenge Länner.

Op enger Pressekonferenz huet de Chef de Mission Alwin de Prins e Méindeg de Moien matgedeelt, datt de Volleyballspiller Kamil Rychlicki bei der Erëffnungszeremonie de Lëtzebuerger Fändeldréier ass.

Extrait Alwin de Prins

Fir de Volleyballer ass et eng grouss Éier, datt hien erausgesicht ginn ass, fir d’Lëtzebuerger Delegatioun unzeféieren.

Extrait Kamil Rychlicki (1)

Domadder gerechent hat hie selwer net.

Extrait Kamil Rychlicki (2)

De Lëtzebuerger Profivolleyballer spillt mëttlerweil an Italien. No enger Saison bei Ravenna wiesselt hien déi nächst Saison bei Lube Civitanova. Hei huet hien en 2-Joreskontrakt (mat enger Optioun op en 3. Joer) ënnerschriwwen.

Den 22 Joer jonke Rychlicki hat d’lescht Joer seng éischt Saison an Italien bei Ravenna gespillt a gouf direkt fënneftbeschte Scorer vun der ganzer Liga.

Säin neie Veräin Lube Civitanova huet dëst Joer d’Champions League gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO