Parkinson a KriibsBeruffskrankheete bedéngt duerch Pestiziden

Raphaëlle Dickes
An enger "Odyssée pour notre santé" fuere franséisch Baueren a Gesondheetsmutuellen 1.200 km duerch Europa, fir op d’Geforen duerch Pestiziden opmierksam maachen.

Bio wär d’Léisung fir méi Preventioun.

Am Norde vu Frankräich ass d’Odyssee gestart, iwwer d’Belsch koum se e Mëttwoch, 14. Oktober, am Ökozenter Pafendall un. Verschiddener vun hinnen um Vëlo. Déi Allermeescht mam giele T-Shirt vum Collectif "Soutien aux victimes des pesticides".

Den Denis Benoit huet 10 Joer laang am Uebstbau geschafft fir eng Kooperativ, déi – wéi hie seet - net just Qualitéit mee och Quantitéit verlaangt hätt. Pestiziden, Insektiziden, Fungiziden an Herbizide koume vill an den Asaz. Mat 59 Joer krut hien d’Diagnos Prostatakriibs. Eng Krankheet, déi a Frankräich bei Leit, déi an der Landwirtschaft geschafft hunn, a Planzeschutzmëttel ausgesat waren, als Beruffskrankheet unerkannt ass.

De Landschaftsgäertner Daniel Bodénès ass just op des Etapp zu Lëtzebuerg dobäi. Hien huet Parkinson, och seng Gesondheetsmutuelle huet se als Beruffskrankheet unerkannt. Frappant: säi Kolleeg an Associé krut déi selwecht Diagnos ee Joer méi fréi.

Lien tëscht Pestiziden a Parkinson

“Zwischenzeitlich ist klar, dass es Umweltgifte, Pestizide gibt, die ausreichen um  Parkinson auszulösen”, seet de Prof.Dr Reijko Krüger. Parkinson-Expert a Fuerscher am LIH. Dës Gëftstoffer géife geziilt an den Nervenzellen opgeholl ginn, déi bei Parkinson betraff wieren. “Normalerweise ist das ein Prozess, der als vorschnelles Altern die Funktionen der Zellen beeinträchtigt.” D’Gëft géif geziilt d’Kraaftwierker vun der Zell schiedegen. Dës gëtt geläämt, kann net méi ootmen, net méi funktionéieren a stierft schlussendlech of.

Fir de Martin-Rieussec-Fournier – President vun der “Association Mutuelles pour la Santé Planétaire”, déi 20 franséisch a belsch Gesondheetsmutuelle regroupéiert - ass kloer:  Toute la population française est empoisonnée aux pesticides, et les pesticides contribuent à une augmentation des maladies en France, et on a un emballement notamment des cancers dans toutes les classes d'âge, il y a de plus en plus d'enfants qui meurent au cancer, et on a aussi les cancers du sein qui augmenten fortement, et aujourd'hui, il faut agir sur les causes des maladies, et les pesticides sont des causes identifiées.

10 bis 50% erhéichte Risk bei staarker Expositioun

Wat de kriibserreegenden Effekt vu Pestiziden ugeet, ass allerdéngs nach vill Fuerschung néideg. “Zanter 10-15 Joer ginn et epidemiologesch Etuden, déi eng kleng Augmentatioun weise vu Kriibs un der Prostate, bei verschiddene Bluttkriibs wéi Lymphomen oder Leukemie bei Leit, déi Pestiziden ausgesat sinn”, erkläert den Dr Guy Berchem, President vum Institut National du Cancer.

Bei staark exposéierte Gruppe gouf en erhéichte Risk vun 10-30% - a vereenzelten Etüdë souguer bis zu 50% fonnt, am Verglach zur genereller Populatioun. Dat wär awer ganz wéineg, betount den Onkolog. “Mee ech menge sécher, datt een de Principe de Précaution muss applizéieren an esou mann wéi méiglech déi Leit exposéieren.”

Virun allem, well guer net gewosst ass, wéi een Undeel d’Pestiziden an eiser Ëmwelt, am Iessen a Grondwaasser op d’Verbreedung vu Kriibs an der Populatioun hunn. De Risiko vu Broschtkriibs bei jonke Leit wär an de leschten 30 Joer an d’Luucht gaangen. Firwat wéisst een net. “Ech wëll lo hei guer net gesot hunn, dass dat Pestizide sinn, mee dat sinn Aflëss vun iergendeppes, déi maachen, dass dat schonn sou ass. Mir wësse fir villes net”, ënnersträicht den Dr Berchem.

“Diskrepanz tëscht politeschem Discours a Realitéit”

 
Et bräicht endlech eng “Prise de conscience” vun der Politik, fuerdert d’Presidentin vum Mouvement Écologique Blanche Weber. Et géif eng grouss Diskrepanz tëscht deem, wat gesot gëtt an der Realitéit.

“Gesot gëtt schonn, dass een d'Pestizideproblematik unerkennt an da gëtt awer hannendru gesot, mee mir maache jo alles, fir se ze reduzéieren. Wann ee kuckt, wat reell geschitt, dann hu mer eng Situatioun, wou eng Hellewull vun Analysen opweisen, ënner anerem vun dem Gesondheetsministère vu viru Joren an den Hoer vu Kanner, dass mer eng generell Belaaschtung vun der gesamter Bevëlkerung hunn duerch Pestiziden.”

Fir de Mouvement grad wéi fir d’Odysée pour notre Santé ass de Bio dee richtege Wee fir méi Preventioun. “A mir mussen eng Prise en conscience kréien, dass mer eben d'Preventioun musse maachen a wann haut d’Krankekeesen hei sëtzen aus Frankräich, dann ass dat och, well si soen: Mir wëllen eis Käschte senken. Alles, wat mir lo an de Bio investéieren, ass herno manner Käschten!”

Inakzeptabel wär iwwerdeems d’Omnibus-Gesetz, wou op EU-Niveau geplangt ass, fir d’Zouloossung vu Pestizide ze vereinfachen. Verschiddener solle fir eng vill méi laang Dauer zougelooss ginn.

Back to Top
CIM LOGO