
An der 2. Däitscher Handball-Bundesliga huet Waiblingen mam Tina Welter mat 17:23 géint Herrenberg verluer. D’Ekipp vun der Lëtzebuerger Nationalspillerin verpasst domadder de Sprong op déi 5. Plaz an der Tabell.
Den Alex Laurent stoung bei der 57:68-Defaite vu sengem Veräin vun Den Helder Suns um Parquet. De Lëtzebuerger Nationalspiller konnt mat senger Leeschtung näischt géint d’Néierlag vu senge Faarwe maachen.