
Nom Kuerzprogramm läit d’Valieva dann elo och op der éischter Plaz, dat obwuel si eemol bei der Landung nom dräifachen Axel gewackelt huet. Mat 82,16 Punkte läit si virun hirer Landsfra Anna Shcherbakova (80,20) an der Japanerin Kaori Sakamoto (79,84) also op der éischter Plaz. D’Decisioun ëm Gold fält en Donneschdeg.
Positiven Test schonn am Dezember
D’Suspendéierung vum Valieva no engem positiven Doppingtest op déi verbuede Substanz Trimetazidin de 25. Dezember 2021 war zu Peking vun der russescher Anti-Dopping-Agence RUSADA opgehuewe ginn. Den IOC an d’WADA ware géint déi Decisioun an Appell gaangen. D’Resultat vun der Doppingprouf war eréischt den 8. Februar ukomm, een Dag no der russescher Victoire an der Team-Kompetitioun. Coronafäll am Labo zu Stockholm sollen d’Auswäertung verzögert hunn.
Ob Russland d’Team-Gold behalen däerf, wäert genau wéi méiglech weider perséinlech Konsequenze fir d’Valieva eréischt zu engem méi spéiden Zäitpunkt decidéiert ginn, warscheinlech eréischt no hirem Retour aus China. “Dat ass een Dilemma an deem mir all stiechen”, sou den IOC-Spriecher Mark Adams. Hannert de Russen hate sech d’USA, Japan a Kanada plazéiert.