Lëtzebuerger bei de ParalympicsKatrin Kohl qualifizéiert sech net fir d'Finall am 100-Meter-Rennrollstull

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin war e Mëttwoch op de Paralympics am Rennrollstull iwwer 100 Meter an der Kategorie T54 un den Depart gaangen.
Katrin Kohl qualifizéiert sech net fir d'Finall am 100-Meter-Rennrollstull
D’Lëtzebuergerin war e Mëttwoch op de Paralympics am Rennrollstull iwwer 100 Meter an der Kategorie T54 un den Depart gaangen.

Katrin Kohl war eng vu 16 Sportlerinnen, déi sech an dëser Kategorie qualifizéiert haten. Si sinn an zwee Virleef ugetrueden. Déi dräi éischt Sportlerinnen aus all Virlaf an déi zwee nächst Zäitschnellst hu sech fir d’Finall qualifizéiert.

D'Course vun der Katrin Kohl bei de Paralympics.
D’Lëtzebuergerin hat an hirer Halleffinall net de beschte Start erwëscht.

Mat enger Zäit vun 20,39 Sekonne kënnt d’Katrin Kohl an hirem Virlaf op déi 7. a leschte Plaz an huet esou d’Finall verpasst. Qualifizéiert hu sech d’Tatyana McFadden aus den USA, d’Amanda Kotaja aus Finnland an d’Marie Desirella Brandy Perrine aus Maritius. Zhou Zhaoqian konnt sech iwwert hir gutt Zäit nach nodréiglech fir d’Finall qualifizéieren.

Mat hirem Resultat ass d’Katrin Kohl wäit iwwer eng Sekonn hannert hirer Beschtzäit vun 19,13 Sekonne bliwwen.

Am zweeten Duerchgang sinn d’Belsch Léa Bayekula (15.87), d’Mauritierin Noemi Alphonse (16.07), d’Amerikanerin Hannah Dederick (16.64) an d’Schwäizer Alexandra Helbling (16.902) eng Zäit gefuer, déi hinnen d’Finall erméiglecht huet.

Reaktioun no der Course

Paralympics: Katrin Kohl iwwert hir Course
D’Lëtzebuergerin war op der Paralympics am Rennrollstull iwwer 100 Meter an der Kategorie T54 un den Depart gaangen.

Also ech hunn d’ Säit scho gesinn. Si ass leider net esou gutt. Ech sinn iergendwéi, vläicht war et Nervositéit, datt ech awer e puermol ofgerutscht sinn, wärend dem Schloen. Jo, mee awer eng mega, mega Ambiance do bannen”, sou d’Katrin Kohl no der Course. Si muss elo d’Resultat emol sacke loossen an no enger Paus kuckt si dann, wéi et weidergeet.

Paralympics: Reaktioun Marc Kiefer
De Sportdirekter vum Lëtzebuerger Paralympesche Comité.

De Patrick Kiefer ass och wéi d’Katrin Kohl e bëssen enttäuscht, datt et net fir eng nei perséinlech Beschtzäit duergaangen ass. Preparéiert hat een d’Course, wéi een dat normalerweis mécht, ma, esou de Sportdirekter vum Paralympesche Comité, wier d’Atmosphär am Stade de France schonn eppes ganz Spezielles.

Paralympics: Supporter zu Paräis
D’Michèle Pletschette ass an der franséischer Haaptstad mat dobäi, fir der Katrin Kohl d’Daumen ze drécken.

Link: Klickt hei fir op de ganze Paralympics-Dossier ze kommen

Back to Top
CIM LOGO