Noutstand verlängertKeng Spectateure bei den Olympesche Spiller zu Tokio erlaabt

RTL Lëtzebuerg
2 Woche virum Start gouf an der japanescher Haaptstad de Corona-Noutstand verlängert.

“Mir musse streng Mesuren huelen, fir e landeswäiten Ausbroch ze verhënneren an d’Verbreede vun de Coronavirus-Varianten anzedämmen”, huet de Minister Präsident Yoshihide Suga annoncéiert. Déi méi ustiechend Delta-Variant mécht a Japan aktuell 30% vun de Fäll aus an d’Impfunge ginn nëmme lues virun. 15% vun der Populatioun si bis ewell eréischt vaccinéiert.

Lëtzebuerg ass jo zu Tokio mat 12 Athleten an 21 Mataarbechter vertrueden. Wéi den Direkter vum COSL, den Heinz Thews, RTL géintiwwer sot, si fir si streng Sécherheetsmesurë garantéiert.

“Wir haben vor der Reise 2 PCR-Tests innerhalb von 72 Stunden, müssen negativ sein. Wenn wir ankommen, haben wir den nächsten PCR-Test, bevor wir ins Village gehen. Die Zonen, wo man hin darf, sind reglementiert. Die Zeiten, wann man was machen darf, sind reglementiert.”

Den Noutstand soll bis den 22. August daueren. D’Olympesch Spiller, déi den 8. August fäerdeg sinn, mussen also adaptéiert ginn. Et ass net vun haarden Ausgangsspäre rieds. D’Awunner si just gebieden doheem ze bleiwen. D’ Restaurante mussen éischter zoumaachen an dierfe keen Alkohol méi verkafen.

Auslänneschen Spectateure konnten zanter Mäerz schonn net méi a Japan areesen, ma och d’Japaner selwer mussen d’Spektakel elo vun doheem aus kucken. D’Stadione mussen nämlech eidel bleiwen.

Et fäert een anerwäerts kéint Olympia zu engem Superspreader-Event ginn. Ëmmer nees gouf driwwer spekuléiert, d’Spiller ze verréckelen oder carrement z’annuléieren. Den internationalen olympesche Comité betount awer, dass alles sécher oflafe wäert. Och den Thomas Bach, President vum internationalen Olympesche Comité, deen en Donneschdeg zu Tokio ukoum, ënnersträicht, dass een all d’Moossnamen ënnerstëtzt, déi fir sécher Spiller “néideg sinn”.

Dan Kersch net bei den Olympesche Spiller mat dobäi

De Lëtzebuerger Sportminister flitt net op d’Olympesch Spiller op Tokio. Dat huet hien op senger Facebooksäit matgedeelt. Hien hätt de Grand-Duc an och de President vum COSL iwwer déi Decisioun informéiert. D’Futtball-Europameeschterschaft an och den Tour de France hätten déi Entscheedung bestäerkt.

Déi Decisioun, esou de Sportminister, wier him net einfach gefall.

Ech hat schonns am europäesche Conseil vun de Sportministere fir eng gemeinsam Approche ze kréien. Do huet een awer keng Äntwert kritt. Déi meescht Leit hunn hir perséinlech Decisioun geholl. Eng Rei wäerte fueren, eng Rei net. Ech hu mir de Choix laang duerch de Kapp goe gelooss, fir elo ze decidéieren net ze fueren. Ech hunn och de Grand-Duc, deen als Member vum IOC praktesch muss op Tokio fléien, genau wéi och de President vum COSL, doriwwer informéiert. Ech mengen et kéint ee klengt Zeeche setzen. An dat war fir mech den Haaptbeweeggrond. Esou ee grousst Sportsevenement, dat insinuéiert awer de Leit, datt nees alles an der Rei wier an d’Pandemie wier eriwwer. Dat ass awer net de Fall. Mir si matten an der Pandemie an et geet drëms, d’Leit ze motivéieren, fir all déi Ustrengungen, déi mir an de leschte Méint gemaach hunn, fir déi net op d’Spill ze setzen an dofir meng Decisioun.”

Extrait Dan Kersch

Bei esou Evenementer, wou et ëm vill Geld géif goen, schreift den Dan Kersch, géifen d’Leit virgegaukelt kréien, datt nees alles an der Rei wier. Mir wieren awer leider nach ëmmer an der Pandemie, sou de Sportminister a Vizepremier. Den Dan Kersch schreift weider, datt déi Decisioun him schwéier gefall ass an och géint kee geriicht ass.

Back to Top
CIM LOGO