FutsalKläpperei beim Match Kiischpelt-Wëlwerwolz géint Wolz, nächste Spilldag ofgesot

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem ware bei dësem Derby Spiller an Offizieller vu béiden Ekippen uneneegeroden an den Arbitter gouf aggresséiert.
© Screenshot Facebook Tageblatt

Wéinst ganz schlëmme Faiten am Kader vun der Partie bei den Senioren tëscht Kiischpelt-Wëlwerwolz an dem FC Wolz 71 am Futsal, huet de Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun decidéiert, de komplette Spilldag am Futsal bei de Seniore vum nächste Weekend ofzesoen. Bei der Partie e Sonndeg an der 2. Divisioun, gouf den Arbitter aggresséiert, an d’Spiller an d’Dirigente vun deenen zwee Veräiner waren uneneegeroden.

Hei de Video, deen op de sozialen Netzwierker zirkuléiert:

Mat der Mesure, déi den Conseil d’Administratioun geholl huet, wëll een en Zeeche setzen, fir och am Futtball d’fundamental Valeure vum Sport, héich ze halen.

Et ass elo un den federale Geriichtsinstanze fir iwwert d’Sanktiounen ze decidéieren.

PDF: De Communiqué vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO