HandballKloer Victoire fir den Handball Diddeleng zu Dikrech

RTL Lëtzebuerg
Mat 32 op 20 konnt sech de Favorit vun Diddeleng beim Chev Dikrech duerchsetzen.

An enger éischter roueger Partie, wou d’Arbitter just 3 Mol 2 Minutten hu missten ausdeelen, huet den Aussesäiter vun Dikrech nach laang matgehalen. An der Paus louche si beim Stand vun 13:15 just mat 2 Goler hannen.

An der zweeter Hallschent hunn déi Diddelenger si dunn awer dominéiert, konnte selwer 17 Mol markéieren a hu just 7 Goler zougelooss. Beschte Butteur bei den Diddelenger war den Ervacanin mat 6 Goler, bei Dikrech huet de Brukwicki genau esou dacks markéiert.

Back to Top
CIM LOGO