
Beim Weltcup Sprangen zu Klingenthal an Däitschland huet sech no 2. Duerchgäng de Japaner Ryoyu Kobayashi mat Spréng op 136,5 a 134 Meter d’Victoire geséchert. Den Éisträicher Stefan Kraft kënnt op déi 2. Plaz an den Norweger Marius Lindvik komplettéiert de Podium.