BasketballKordall Steelers entloossen den Trainer

RTL Lëtzebuerg
An der Enovos League bei den Häre gëtt et den nächsten Trainerwiessel.
© Emile Mentz (Archiv)

D’Kordall Steelers hu sech vum Antonio Lopez getrennt. Et ass schonn de fënneften Trainerwiessel an der Enovos League bei den Hären des Saison. Mat véier Victoiren aus 12 Matcher stinn d’Steelers aktuell op enger Play-off-Plaz an der Tabell. Wien d’Ekipp no der Wanterpaus wäert coachen, steet nach net fest.

Walfer, Diddeleng, Conter an d’Musel Pikes haten um Poste vum Head-Coach schonn eng Ännerung gemaach am Laf vun den éischten 12 Spilldeeg. Aktuell ass d’Liga an enger kuerzer Paus. Ufank Januar geet et weider.

Back to Top
CIM LOGO