
Bei staarkem Niwwel a Schnéifall louch nom 1. Duerchgang de Fransous Clément Noel mat 0,39 Sekonne virum Brit Dave Ryding a 0,66 Sekonne virum Schwäizer Ramon Zenhäusern a Féierung.
Am 2. Duerchgang konnt de Clément Noel seng däitlech Féierung net iwwert d’Zillinn bréngen, sou dass den 22-järege Fransous um Enn op déi 2. Plaz kënnt. Gewonnen huet de Slalom den Henrik Kristoffersen mat 9 Honnertstel virum Clément Noel an 18 Honnertstel virum Schwäizer Daniel Yule.