Schi AlpinKristoffersen wënnt Slalom zu Garmisch-Partenkirchen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Mëtteg stoung bei den Hären de Slalom zu Garmisch-Partenkirchen um Programm, wärend d’Dammen eng Descente zu Crans Montana gefuer sinn.
© AFP

Bei den Häre konnt sech den Norweger Henrik Kristoffersen mat enger Zäit vun 1:46.14 Minutte d’Victoire sécheren. Domadder war hie 14 Honnertstel méi séier wéi de Schwäizer Loïc Meillard, deen um Enn den Zweete ginn ass. Op de Plazen dräi a véier ware mam Manuel Feller a mam Johannes Strolz dunn nach zwee Éisträicher.

An der Descente vun den Dammen war iwwerdeems d’Tschechin Ester Ledecká dat séierst an ass an 1:30.17 Minutten ukomm. Zweet ass d’Norwegerin Ragnhild Mowinckel ginn, dat 21 Honnertstel méi laang gebraucht huet, an d’Éisträicherin Cornelia Hütter ass op déi 3. Plaz komm.

Back to Top
CIM LOGO