Mat dobäi war och de Lëtzebuerger Matthieu Osch, dee mat der Nummer 59 un den Depart gaangen ass. Leider sollt de Lëtzebuerger schonns no der 4. Staang ausfalen. Hie qualifizéiert sech domat net fir den zweete Laf. Et war e ganz kuerzen Optrëtt fir de Matthieu Osch, dee sech no der 28. Plaz am Riseslalom sécherlech méi erwaart hat. Vun am Ganzen 88 Starter am éischte Laf sinn der just 52 ënnen ukomm.
Nom éischte Laf louch mam Johannes Strolz den Iwwerraschungsgewënner aus der Kombinatioun a Féierung, dat awer nëmme ganz knapps. Hannert him koumen nämlech mam Henrik Kristoffersen an dem Sebastian Foss Solevåg zwee Norweger mat nëmmen 2, respektiv 6 Honnertstel Réckstand. Deemno war et do ganz enk. Ma och hannendru konnte sech nach eng ganz Partie Athlete Chancen op eng Medail ausrechnen. Bis d’Plaz 12 nach mat louchen d’Schi-Fuerer all nach bannent enger Sekonn.
An der zweeter Manche huet dunn de Fransous Clément Noël e bal perfekt Laf realiséiert a konnt sech esou d’Goldmedail sécheren. Sëlwer geet un den Éisträicher Johannes Strolz, deen um Enn e Retard vun 61 Honnertstel hat. Bronze geet un de Weltmeeschter Sebastian Foss Solevåg. Den Norweger hat e Réckstand vun 71 Honnertstel.