
Nodeems en Dënschdeg ënnert anerem Real Madrid Leipzig geklappt huet, stoungen um Mëttwoch zwee weider Matcher vun den 1/8-Finallen an der Champions League um Programm.
Lazio Roum gewënnt no enger kämpferescher an defensiv kompakter Leeschtung opgrond vun der zweeter Hallschent net onverdéngt mat 1:0 géint Bayern München. Den entscheedenden Gol huet den Immobile per Eelefmeter markéiert.
Paris St. Germain huet no enger schwéierer 1. Hallschent an deenen zweete 45 Minutten e Gang eropgeschrauft a gewënnt um Enn verdéngt mat 2:0 géint Real Sociedad San Sebastian.
Lazio Roum - Bayern München 1:01:0 Immobile (69')
Bayern München huet Lazio Roun am Stadio Olimpico versicht fréi ënner Drock ze setzen. Déi éischt gutt Chance hat de Joshua Kimmich an der 2. Minutt. No ronn 20 Minutten hat Lazio a Persoun vum Luis Alberto hier bis dato beschte Chance, op der anerer Séit huet d’Ekipp vum Thomas Tuchel bis op e geféierleche Fräistouss vum Sane sech awer keng ganz kloer Golgeleeënheeten eraus gespillt.
An der 41. Minutt haten d’Gäscht dunn déi beschte Chance am Match. No enger super Kombinatioun ass de Jamal Musiala frei zum Schoss komm - ma och dee sollt laanscht de Gol goen. Deemno ass et mat engem 0-0 an d’Paus gaangen.
Quasi direkt nom Säitewiessel war dunn de Manuel Neuer gefuerdert. No engem Ballverloscht vum Upamecano huet de Kapitän vun de Bayern inekstremis géint den Isaksen konnte klären.
No engem Konter vu Lazio huet den Upamecano den Isaksen nawell uerg gefoult. Den Arbitter huet de Fransous mat Rout vum Terrain gestallt a Lazio Roum krut de fällegen Eelefmeter. Des Chance huet sech den Immobile net entgoe gelooss an huet d‘Lokalekipp an der 69. Minutt mat 1:0 a Féierung geschoss.
Bayern München huet et wuel probéiert, mee et huet un der néideger Konzentratioun an der Vitesse an der Offensiv gefeelt. An der Schlussphase hat Lazio nach déi eng oder aner gutt Kontergelenheet, e Gol sollt an dësem Allersmatch awer net mei falen. Lazio Roun gewënnt domat e bëssen iwwerraschend mat 1:0 géint Bayern München.
Paris St. Germain - Real Sociedad 2:0
1:0 Mbappé (58'), 2:0 Barcola (70')
Déi éischt Chance hat den André Silva fir Real Sociedad, säi Schoss sollt nëmme knapps laanscht de Potto goen. 5 Minutte mei spéit huet de Mbappé am Alex Remiro säi Meeschter fonnt.
Nodeems de PSG de Match kuerz ënner Kontroll hat ass San Sebastian Mëtt vun der 1. Hallschent nees besser an de Match koum. An alt nees war et den André Silva deen de Ball per Kapp nëmme knapps laanscht de Gol gesat huet. Quasi mam Pausentéi hat La Real du Pech. Kuerz virum Stroofraum ass de Merino zum Schoss komm. De Ball sollt vun der Lat awer an den Aus goen. Vum PSG war alles an allem net vill ze gesinn. No 45. Minutte stoung et am Parc des Princes 0:0.
An der zweeter Hallschent huet PSG am Laf vum Match fir kloer Verhältnisser gesuergt. No engem Corner an der 58. Minutt huet de Mbappé aus kuerzer Distanz den 1:0 fir de PSG konnte markéieren. D’Paräisser hunn an der Suite mat méi Geschwindegkeet gespillt an esou war et net verwonnerlech dass de Barcola an der 70. Spillminutt de Score konnt op 2:0 eropschrauwen.
An de Schlusssminutten huet de PSG näischt mei ubrenne gelooss a huet sech eng gutt Ausgangspositioun fir de Retourmatch erausgespillt.
All d’Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.