
Hire Star-Spiller, de Lebron James, ass nämlech elo den drëtte Spiller an der Geschicht vun der NBA, deen a senger Karriär méi wéi 35.000 Punkte markéiert huet. Am Match géint d’Brooklyn Nets waren et 32 Punkten.
Just de Kareem Abdul-Jabbar (38.387) an de Karl Malone (36.928) leien an der Punkte-Statistik nach virum Lakers-Spiller.