Olympesch SpillerLescht Lëtzebuerger Athleetin am Asaz

Tim Hensgen
D'Vera Hoffmann leeft en Dënschdeg de Moien um 10.05 Auer an der éischter vun dräi Serien hire Virlaf vun de 1500 Meter bei den Dammen.

Et sinn no der WM zu Budapest an der EM zu Roum déi éischt Olympesch Spiller fir déi 27 Joer al Mëttelstreckeleeferin. D’Vera Hoffmann ass d’olympesch Norm net gelaf, mee konnt sech iwwer konstant gutt Resultater als eng vu 15 Athletinnen iwwert d’Weltranglëscht fir Paräis 2024 qualifizéieren.

Interview Vera Hoffmann
D’Vera Hoffmann leeft um 10.05 Auer am Stade de France an der éischter vun dräi Serien

“Ech sinn elo scho säit e puer Deeg hei an hunn dat net sou richteg zougelooss, well et eben nach e puer Deeg waren, mee elo loossen ech dat och zou, wat och gutt ass. D’Nervositéit weist, datt et engem eppes bedeit, an dat gëtt engem dann och deen néidege Push, natierlech wann et net ze vill ass. Dat grousst Zil war et, gesond a glécklech un der Startlinn ze sinn. Dat war Mol wierklech d’ Grondviraussetzung, an ech wëll duerno op meng Course kënnen zréckkucken an zefridde sinn, mat deem, wat ech gemaach hunn. Et ass schwiereg, eng Zäit a Placéierung am viraus ze soen”.

D’Vera Hoffmann leeft um 10.05 Auer am Stade de France an der éischter vun dräi Serien. Nieft der Lëtzebuerger Championne lafe 14 Konkurrentinnen. Aacht dovunner si schonn ënner véier Minutte gelaf. Dem Vera Hoffmann säin nationale Rekord aus dëser Saison läit bei 4 Minutte 5 Sekonnen an 92 Honnertstel. Dat gëtt schwéier, esou dem Vera säi Frënd a Trainer Bob Bertemes.

Interview Bob Bertemes
Dem Vera Hoffmann säin nationale Rekord aus dëser Saison läit bei 4 Minutte 5 Sekonnen an 92 Honnertstel. Dat gëtt schwéier, esou dem Vera säi Frënd a Trainer

“An der Serie ass de Modus fir sech ze qualifizéieren, datt een ënnert déi sechs Éischt kënnt. Dat gëtt eng ganz, ganz schwéier Aufgab. Trotzdeem wäerte mer eis Bescht maachen, fir dat iergendwéi hinzekréien. Wann dat awer net de Fall sollt sinn, dann ass dat Ganzt nach net fäerdeg, well dann ass den Dag drop eppes, wat se Repechage, oder op Lëtzebuergesch Hoffnungsleef, nennen. Jiddwereen, deen sech also net direkt fir d’Halleffinall qualifizéiert huet, kritt den Dag nach eng Chance. Et ass relativ realistesch, datt d’Vera do leeft”.

LINK: Klickt Iech duerch d’Fotogalerië vun den Olympesche Spiller

Back to Top
CIM LOGO