National Schwamm-MeeschterschaftenLeschte Formtest fir d'Lëtzebuerger Schwammdelegatioun

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg goufen am Basseng vum der Coque déi national Meeschterschaften am Schwammen ausgedroen.
D'Championnat am Schwammen
De Bern Thill war sech op déi national Meeschterschaften ee Bild maachen.

Hären

De Raphael Stacchiotti war iwwer d'400-Meter-Quatres-Nages mat engem Chrono vu 4:25.80 dee séiersten a konnt sech mat där Leeschtung däitlech virun der Konkurrenz behaapten. Mat dësem Chrono ass de Stacchiotti fir seng Verhältnisser éischter eng mëttelméisseg Zäit geschwommen.

Am Géigesätz zum Pit Brandenburger: De Langstreckespezialist ass jo scho fir 200 Meter Nage Libre fir d’Weltmeeschterschaft qualifizéiert, hie wollt dat awer och nach iwwert de 400 an den 800 Meter fäerdegbréngen. Op de 400 Meter ass dëst him net gegléckt. Den Déifferdenger louch ronn 2 an eng hallef Sekonne vu senger Beschtzäit ewech.

Iwwer d'50-Meter-Réck hunn de Max Mannes an de Remi Fabiani zäitgläich a 27 Sekonnen an 80 Honnertstel ugeschloen.

Dammen

Iwwer d'100-Meter-Broscht bei den Damme gouf iwwerdeems d’Neele Albers mat engem Chrono vun 1:18.06 Lëtzebuerger Championne. D’Monique Olivier hat an den 100-Meter-Fräistil dee längsten Otem an huet no 57 Sekonnen 79 Honnertstel ugeschloen. Iwwer d'50-Meter-Papillon huet d’Schwëmmerin vum Swimming Luxembourg hirer Teamkollegin awer missen de Virtrëtt loossen - d’Nicole Ricci huet no 28 Sekonnen an 31 Honnertstel als éicht ugeschloen.

Back to Top
CIM LOGO