Gruppe fir d'Nations League ausgeloustLëtzebuerg ass mat Bulgarien, Nordirland an dem Belarus an der Grupp

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend goufen zu Paräis d’Gruppe fir déi nei Nations-League-Campagne ausgeloust.
© Val Wagner

Déi Rout Léiwe kréien et am Grupp 3 an der Liga C mat Bulgarien, Nordirland a Belarus ze dinn. Déi éischt Matcher ginn Ufank September gespillt.
Eis däitsch Noperen spillen an der Liga A géint Ungarn, Holland an Bosnien-Herzegowina. Frankräich kritt et mat eise belsche Noperen, Italien an Israel ze dinn. Portugal spillt géint Kroatien, Polen a Schottland.

Back to Top
CIM LOGO