Schottland - Lëtzebuerg 1:3 (25:23, 24:26, 25:27, 21:25)
An enger enorm spannender Partie ka sech Lëtzebuerg géint Schottland behaapten. Dobäi waren d’Lëtzebuerger Dammen no 1. Saz mat 0:1 a Réckstand geroden.
Am weidere Verlaf vun der Partie krute sech d’Lëtzebuergerinnen awer nees an de Match gebass an hunn déi dorop folgend 3 Sätz fir sech entscheet.

Nordirland - Färöer Inselen 0:3 (11:25, 13:25, 11:25)
An der Partie ëm déi 3. Plaz konnte sech d’Färöer Inselen d’Bronzemedail sécheren.
