Sportkeele-WM: BilanLëtzebuerg gewënnt 1 Mol Gold, 3 Mol Sëlwer a 4 Mol Bronz

RTL Lëtzebuerg
Um leschten Dag vun der Sportkeele-Weltmeeschterschaft gouf et fir déi Lëtzebuerger Delegatioun weider Medailen.

Am Tandem Mixted konnt d’Weltmeeschterkoppel Mandy Parracho a Gilles Mores hiren Titel leider net verdeedegen. Um Enn gouf et Bronz hanner Däitschland a Frankräich.

D’Martine Keller ass uschléissend am Damen-Eenzel ugetrueden. D’Lëtzebuergerin konnt net un hir gutt Leeschtung aus der Halleffinall uknäppen, déi bis zum Schluss op der leschter Plaz louch. Op der leschter Bunn koum d’Martine Keller nach eemol un d’Spillerin aus Brasilien erun, huet awer mat 1 Holz nëmme knapp d’Bronzemedail verpasst. Gold a Sëlwer geet un Däitschland a Bronz un Brasilien.

An der Häre-Finall haten déi zwee Lëtzebuerger, Gilles Mores a Christopher Zels keng Chance géint den André Laukmann an de Christian Junk, déi déi éischt zwou Plazen ënnert sech ausgemaach hunn. De Gilles Mores konnt hei, wéi op der leschter Weltmeeschterschaft d’Bronzmedail sécheren. Den André Laukmann (Däitschland) ass vir déi 4. Kéier hannerenee Weltmeeschter ginn.

Domat ginn déi 14. Sportkeeleweltmeeschterschaft mat 1 Mol Gold, 3 Mol Sëlwer a 4 Mol Bronz fir d’Lëtzebuerger Delegatioun op een Enn.

VIDEO: Lëtzebuerg gewënnt 1 Mol Gold, 3 Mol Sëlwer a 4 Mol Bronz
D’Lëtzebuerger Delegatioun konnt nees bei der Sportkeele-WM vu sech schwätzen dinn.

Back to Top
CIM LOGO