
Nodeems d’Lëtzebuergerinnen en Dënschdeg hiren éischte Match géint Monaco eréischt no Verlängerung gewonnen haten, hate si et um Mëttwoch géint Zypern däitlech méi einfach.
Déi éischt 5 Minutte war et nach enk tëscht béiden Ekippen an et stoung 6:6. Duerno hunn d’Lëtzebuergerinnen awer de Match an d’Hand geholl an hu sech duerch e puer schéin Dräier am éischte Véierel mat 19:8 ofgesat.
Duerch een 20:0 vun de Lëtzebuergerinnen ass de Virsprong bis d’Paus op 39:8 ugewuess. Zypern hat der FLBB-Formatioun absolut näischt, entgéint ze setzen.
Am drëtte Véierel konnt Zypern e puer Punkte markéieren, ma och d’Lëtzebuergerinnen hunn net nogelooss, sou datt de Virsprong weider grouss bliwwen ass. Beim Tëschestand vun 59:28 ass et an déi lescht 10 Minutte gaangen.
Hei hunn d’Lëtzebuergerinnen de Match souverän op en Enn gespillt, sou datt si mat 76:37 gewannen.
An der Tabell huet Lëtzebuerg elo de Maximum vu 4 Punkten a bleift uewe mat dobäi.
Mat 15 Punkte war d’Julija Vujakovic bescht Spillerin.
