
Den Alex Knaff konnt um Samschdeg den éischten Eenzel géint de Kiranpal Pannu an dräi Sätz mat 6:1, 6:7, 7:5 fir sech entscheeden. Am zweeten Eenzel huet sech de Chris Rodesch kloer mat 6:2, 6:4 géint den Ajeet Rai duerchgesat.
E Sonndeg stinn nach den Dubbel tëscht dem Finn Reynolds/Rubin Statham an dem Chris Rodesch/Alex Knaff souwéi d’Eenzel Kiranpal Pannu - Chris Rodesch an Ajeet Rai - Alex Knaff un. Fir d’Renconter ze gewannen a sech fir 2025 fir d’Play-offs vun der Weltgrupp I ze qualifizéieren, muss d’Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team nach ee vun dëse Matcher fir sech entscheeden.
D’Matcher ginn nees um 12 Auer Lokalzäit (2 Auer moies Lëtzebuerger Zäit) un.