EM-Rugby: Conference 1 NordLëtzebuerg ouni Chance géint de Favorit Tschechien

RTL Lëtzebuerg
A Japan geet et bei der WM am Rugby lues awer sécher an déi decisiv Phas. Fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp huet um Samschdeg d'EM ugefaangen.
© AFP

D’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationaltrainer Jonathan Flynn ass e Samschdeg mam nämmlechten Zil wéi déi lescht Saison, an der Conference 1 Nord ze bleiwen, an d’Europameeschterschaft am Rugby gestart.

Am éischte Match huet direkt e schwéiere Géigner op d’Lëtzebuerger gewaart. Tschechien war déi lescht Saison iwwerraschend aus der méi héijer Trophy-Divisioun ofgestigen. Si waren et dann och déi de Match wéi erwaart dominéiert hunn. An der Paus loung Tschechien am Stade Josy Barthel mat 24:0 a Féierung. Och no der Paus haten d’Rout Léiwe wéineg ze radetten an hunn d’Partie um Enn 7:36 verluer.

Am Grupp vun de Lëtzebuerger sinn nach Schweden, Ungarn a Lettland.

Back to Top
CIM LOGO