
Am Tennis-Davis-Cup huet sech Lëtzebuerg fir 2025 fir de Playoff vun der Weltgrupp I qualifizéiert.
Nom éischten Dag louch d’Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp no Victoirë vun Alex Knaff a Chris Rodesch mat 2:0 géint Neiséiland a Féierung. An der Nuecht op e Sonndeg huet d’FLT-Ekipp sech zwar am Dubbel musse géint Neiséiland geschloe ginn. Och de Chris Rodesch huet säin Eenzel verluer. Ma den Alex Knaff huet sech géint säi Kontrahent aus Neiséiland an 2 Sätz duerchgesat, esou dass et um Enn 3:2 fir Lëtzebuerg stoung.
Kiranpal Pannu - Alex Knaff 1:6, 7:6 (10:8), 5:7
Ajeet Rai - Chris Rodesch 2:6, 4:6
Ajeet Rai / Finn Reynolds - Raphael Calzi / Gilles Kremer 6:3, 6:2
Jack Loutit - Chris Rodesch 7:5, 6:4
Rubin Statham - Alex Knaff 3:6, 2:6