RugbyLëtzebuerg setzt sech géint Ungarn duerch

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg huet sech d'Lëtzebuerger Rugby-Nationalekipp am Stade de Luxembourg mat 30:23 géint Ungarn duerchgesat.
© Christophe Nadin

No zwou Néierlagen an der Conference Nord 1 ass der Lëtzebuerger Rugby-Nationalekipp e Samschdeg am Stade de Luxembourg virun e puer Honnert Spectateuren déi éischt Victoire gelongen. Lëtzebuerg huet Ungarn mat 30:23 geklappt.

De Resumé vum Match fannt Dir bei de Kolleege vun RTL 5minutes.

An der Tabell steet Tschechien un der Spëtzt mat 10 Punkten no 2 Matcher. Schweden huet op der 2 no engem Match 5 Punkten. Lëtzebuerg steet mat 4 Punkten aus 3 Matcher op der 3. Plaz. Ungarn ass 4. mat engem Punkt aus engem Match a Lettland huet bis ewell nach keng Partie gespillt.

Deen nächste Match vu Lëtzebuerg ass den 2. Abrëll géint Lettland.

Back to Top
CIM LOGO