D’Lëtzebuerger Ekipp hat eng staark éischt Hallschent a war duerch Tries vum Christian Olsen a Gael Pujadas fréi a Féierung gaangen. An der Hallschent stoung et 10:6 fir d’Lëtzebuerger.
No der Paus sinn d’Polen mat enger méi héijer Intensitéit erauskomm a konnten dräi Mol iwwert d’Linn. D’Lëtzebuerger Ekipp hat keng Äntwert dorop a verléiert zum Schluss däitlech mat 10:33.
No fënnef Matcher a véier Defaiten ass Lëtzebuerg op der leschter Plaz a muss domadder nächst Saison an d’Rugby Europe Conference erof.
