
An der zweeter Qualifikatiounsphas fir d’Europameeschterschaft 2022 an Ungarn an an der Slowakei kréien d’Rout Léiwen et mat Estland ze dinn. De Gewënner dovun ass da bei där richteger EM-Qualifikatioun dobäi. Wat d’Weltmeeschterschaft 2021 an Egypten ugeet, spillt Lëtzebuerg an der 1. Qualifikatiounsphas géint d’Färöer Inselen, d’Slowakei a Litauen. Entweder ginn dës Partien an Tournéierform gespillt oder awer an Aller-/Retourmatcher.