
Do sinn nämlech Matcher vun der Qualifikatioun fir d’WM am nächsten a fir d’EM am iwwernächste Joer. An der WM-Qualifikatioun heeschen d’Géigner Slowakei, Litauen a Färöer Inselen, iwwerdeems et an der EM-Qualifikatioun am Aller-Retour géint Estland geet.
Den Nationaltrainer Nikola Malesevic huet den Donneschdeg de Mëtten elo säi Kader fir déi 5 Matcher bekannt ginn an do sinn am Verglach mat den zwee Testmatcher d’lescht Woch an Italien ënnert anerem d’Routiniere Christian Bock an Tommy Wirtz an déi zwee aner Däitschland-Legionären Dimitri Mitrea a Jacques Tironzelli mat dobäi.
Am Testmatch géint Italien hat sech de Yann Hoffmann blesséiert, deemno wäert hie bei dëse Matcher feelen.