Padel-TennisLëtzebuerger Nationalekipp wënnt Padel Cup

RTL Lëtzebuerg
Den Innside by Melia Padel Cup war dat éischt Padel-Tennis-Turnéier, dat zu Lëtzebuerg op der Kockelscheier organiséiert gouf.
© FLT

Padel-Tennis ass eng zimmlech jonk Sportaart, déi haaptsächlech a Spuenien a Südamerika wäit verbreet ass an och am Rescht vun Europa ëmmer méi beléift gëtt. Et gëtt vill verschidde Variante vum Padel-Tennis. Haapstächlech gëtt Padel mat méi kuerze Schléier wéi am richtegen Tennis gespillt, an ouni Bespannung. Och den Terrain ass méi kleng.

Dës Trend-Sportaart erfreet sech och zu Lëtzebuerg ëmmer méi grousser Beléiftheet, firwat d’Lëtzebuerger Tennisfederatioun vum 22. bis de 24. August dat éischt internationaalt Padel-Turnéier zu Lëtzebuerg op der Kockelscheier organiséiert huet. Hei sinn nieft der Lëtzebuerger Nationalekipp och Moldawien, Andorra, Island, souwéi eng Regionalekipp aus dem Saarland ugetrueden.

D’Lëtzebuerger Ekipp, déi aus 12 Spiller a Spillerinnen besteet, huet sech an der Finall 2:0 géint Andorra duerchgesat. Déi drëtt Plaz war fir Moldawien.

© FLT

Back to Top
CIM LOGO