LiichtathletikLëtzebuerger Rekord fir de Charel Grethen zu Birmingham

RTL Lëtzebuerg
Bei der World Indoor Tour zu Birmingham ass de Lëtzebuerger an der Finall iwwer 1.500 Meter an enger Zäit vun 3:37,38 Minutten iwwer d'Arrivée gelaf.
© ANDREJ ISAKOVIC/AFP (Archiv)

De Charel Grethen huet domadder säin alen Lëtzebuerger Rekord (3:38,30 Minutten) ëm 92 Honnertstel verbessert. Mat senger gudder Zäit ass hien an der Finall op déi 7. Plaz komm. Gewonne gouf d’Course vum Kenianer Abel Kipsang. Op Plazen 2 an 3 koumen de Spuenier Adel Mechaal an den Däitsche Robert Farken.

D’Klassement iwwer 1.500 Meter

1 Abel KIPSANG KEN 3:34.57
2 Adel MECHAAL ESP 3:35.30
3 Robert FARKEN GER 3:35.44
4 George MILLS GBR 3:36.03
5 Piers COPELAND GBR 3:36.12
6 Ossama MESLEK ITA 3:37.29
7 Charles GRETHEN Lux 3:37.38
8 Charlie DA’VALL GRICE GBR 3:39.59
9 Andrew COSCORAN IRL 3:41.46
10 Archie DAVIS GBR 3:44.32
11 Abdirahman Saeed HASSAN QAT 3:45.74
12 Neil GOURLEY GBR 3:52.08
Erik SOWINSKI USA DNF
Jake WIGHTMAN GBR DNF

Back to Top
CIM LOGO